No der Schaff am Bovary
IWWERSTONN
MAM SERGE TONNAR
OKTOBER 17
NOVEMBER 6, 14, 21, 28
DEZEMBER 4, 12, 19
18:00
Café Bovary – Weimeschkierch
Solle mer eis méi no kommen? Ma méi no wéi am klenge Sall vum Café Littéraire Bovary geet bal net. Du bass ee vu 25, an ech sëtzen Dir mat der Gittar praktesch um Schouss. Zesumme mam Lili aus dem Bovary ass dofir d’Iddi opkomm fir dëse ganz intimisteschen “Afterwork” Programm, souzesoen eng Iwwerstonn mam Lidderhanes. Méi wéi e Concert ass et en Austausch mam Publikum iwwert d’Lidder an d’Geschichten dozou, an och d’Geleeënheet mir endlech d’Meenung ze soen, oder indiskreet Froen ze stellen. Duerno solls Du profitéiere fir uewenop, am eemolegen Dekor vum Restaurant, den Dag genossvoll ofzeschléissen.
Oflaf:
18:00 Apero
18:30 Ufank
20:00 Iessen
Präis:
20 € just de Concert
56 € Concert mat Menu (entrée + plat)
Reservatioun:
lili.fouet@gmail.com